Méi Demokratie
fir Lëtzebuerg.

Meet us on Facebook weider op lsap.lu

JO zum Wahlrecht vu 16 Joer un

Vertrauen an déi Jonk heescht virun allem Vertrauen an d’Zukunft vun eisem Land. Dofir ass d’Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer e wichtegt politescht Signal.

Datt déi Lëtzebuerger Wielerschaft déi eelst a ganz Europa ass, schwätzt fir sech. Méi dramatesch ass awer d’Tatsaach, datt déi Jonk an eiser Wahlpopulatioun net staark genuch vertruede sinn, obwuel wichteg politesch Entscheedungen, déi haut getraff ginn, onmëttelbar Auswierkunge fir si an déi kommend Generatiounen hunn. Aus deem Gronn ass et aus demokratescher Siicht richteg, jonk Biergerinnen a Bierger, déi dat wëllen a sech an der Lag derzou fillen, matbestëmmen ze loossen. Politesch Bildung huet an deem Zesummenhang eng zentral Bedeitung. Si muss fréi genuch an der Schoul usetzen, fir dozou bäizedroen, aus deene Jonke verantwortungsvoll a gutt informéiert Bierger ze maachen. Eng wäitsiichteg Politik muss d’Zukunft am Bléck hunn an hei usetzen. Den Zougang zu de Parlamentswahlen, op fräiwëlleger Basis, vu 16 Joer un ass e Schrëtt an déi richteg Richtung. Déi Jonk sollen aktiv mathëllefe kënnen a Verantwortung fir hir Zukunft iwwerhuelen. Un eis ass et, si dobäi ze ënnerstëtzen an hinnen de 7. Juni beim Referendum dat néidegt Vertrauen entgéintzebréngen. Mat engem klore Jo fir d‘Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer kann all Wieler der Zukunft eng Chance ginn!

JO zum Awunnerwahlrecht

Wee jorelaang zu Lëtzebuerg schafft a wunnt, zum Wuelstand bäidréit an un der Gestaltung vum Land deelhuele wëll, soll déi Méiglechkeet och kréien.

Lëtzebuerg ass en dynamescht Land, dat sech duerch Weltoffenheet, Wuelstand, Solidaritéit a sozial Gerechtegkeet auszeechent. Mär hunn dëse Wuelstand zesumme während Joerzéngten opgebaut. Ouni d’Bedeelegung vun eisen auslännesche Matbierger hätt Lëtzebuerg et a senger wirtschaftlecher a gesellschaftlecher Entwécklung ni sou wäit bruecht.

Mär kënnen haut houfreg sinn, datt et eis zesumme gelongen ass, en integrative Gesellschaftsmodell mat enger dynamescher Wirtschaft ze schafen, dee fir Wuesstem a sozial Kohäsioun suergt.

D’Wielerinnen an d’Wieler stinn de 7. Juni virun enger wichteger Entscheedung: Lëtzebuerg kann an Europa eng Virreiderroll iwwerhuelen an en Zeeche setzen a Saachen Integratioun an Zesummeliewen an engem Kontext, wou vill Kulturen a Sprooche sech d’Hand ginn.

Zesummeliewen heescht dofir och, zesummen déi richteg Entscheedung treffen: Mat engem klore Jo zum Awunnerwahlrecht huele mär kengem eppes ewech, mär gi villméi deenen eppes zréck, déi duerch hire jorelaangen Asaz zum Wuelstand an zur Entwécklung an eisem Land bäigedroen hunn.

JO zur Limitatioun vun de Regierungsmandater

D‘Demokratie an d’Verfassung sinn net fir éiweg a Stee gemeesselt, si mussen dem gesellschaftleche Wandel Rechnung droen an de Realitéiten um Terrain ugepasst ginn.

Lëtzebuerg brauch eng lieweg Demokratie an en zäitgeméisst Grondgesetz.

D’LSAP ass 2013 ugetrueden, fir d’Land ze moderniséieren an d’Verfassung un d‘gesellschaftlech Realitéiten unzepassen. Datt d‘Wieler an deem Zesummenhang och per Referendum zu Wuert komme sollen, ass legitim an noutwenneg, well d’Neiausriichtung vun eisem Grondgesetz vun enger grousser Majoritéit gedroe muss ginn an nach e puer zentral Froen ze kläre sinn, déi wesentlech mat eise politesche Rechter zesummenhänken. Nieft der Ausbreedung vun eisem Wahlrecht ass och d’Fro vun der politescher Erneierung eng ganz wichteg fir eist Land. De Lëtzebuerger Wahlsystem ass esou ausgeriicht, datt d’Regierungsmembere während Jorzéngten an hirer Funktioun bleiwe kënnen. Dat féiert zur Routine a politeschem Stëllstand. D’Iddi vun enger zäitlecher Begrenzung vum Ministermandat ass an deem Sënn eng gutt, well se sécherstellt, datt d’politescht Personal op Regierungsniveau regelméisseg erneiert gëtt, ouni datt op wichteg Kompetenze verzicht muss ginn. Déi kënnen anerwäerts afléissen, während den Nowuess eng Chance kritt, sech op héchstem Niveau anzebréngen a fir nei Perspektiven ze suergen.

E Referendum mécht
nëmmen da Sënn, wann
een de Vote vun de Bierger
och voll a ganz
respektéiert.

Claude Haagen LSAP-President

Méi Demokratie woen heescht nei Weeër goen, d'Land virubréngen an d’Biergerinnen an d'Bierger verstäerkt an dee Prozess abannen. Do virdru soll ee keng Angscht hunn, well d’Erfahrunge mat der Ouverture vum Wahlrecht fir Auslänner bei den Europa- an de Gemengewahlen hu gewisen, datt déi politesch Entscheedung richteg wor a Lëtzebuerg net geschuet huet. D'LSAP huet sech ëmmer fir d'Stäerkung vun de politesche Rechter an de gesellschaftleche Fortschrëtt agesat a bleift och elo virum Referendum senger Linn trei. D’Erofsetze vum Wahlalter op 16 Joer, d'Aféierung vum Awunnerwahlrecht bei Parlamentswahlen an d'zäitlech Begrenzung vun de Regierungsmandater si wichteg Schrëtt an engem Moderniséierungsprozess, dee vun der neier Regierung no de Wahle konsequent an d’Weeër geleet ginn ass. D'LSAP ass 2013 net fir näischt mam Usproch ugetrueden, eise Rechtsstaat ze moderniséieren, d’Biergerbedeelegung ze verbesseren an de politeschen Erneierungsprozess virunzedreiwen.

De 7. Juni hunn d’Wielerinnen an d’Wieler d’Wuert. Si kënnen entscheeden, ob si zesumme mat eis d'Demokratie stäerken a fir e modernt Lëtzebuerg antriede wëllen.

Zesummeliewen, matbestëmmen, erneieren – mat engem dräifache “Jo” beim Referendum kënne mir all dozou bäidroen, datt Lëtzebuerg eng zäitgeméiss Verfassung kritt, déi d’Rechter vun de Bierger stäerkt an dem gesellschaftleche Wandel Rechnung dréit.

Zesummeliewen a Matbestëmmen

Nee, d’Auslännerwahlrecht ass weder e Verloscht vu nationaler Souveränitéit nach eng Schwächung vun der Lëtzebuerger Nationalitéit. Am Géigendeel: Et ass Ausdrock vun enger pluralistescher an oppener Natioun, déi sech weiderentwéckelt, d’Biergerrechter stäerkt an op demokratesch Partizipatioun a sozial Kohäsioun setzt.

Lëtzebuerg hätt ouni Migratioun ni déi Entwécklung kënne maachen, déi während Joerzéngte fir Prosperitéit a soziale Fridden hei am Land gesuergt huet. Et däerf een an deem Zesummenhang och net vergiessen, datt eng grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger selwer e Migratiounshannergrond hunn an datt pro Joer 3.500 Leit naturaliséiert ginn an hir Kanner automatesch d’Lëtzebuerger Nationalitéit kréien. D’Nationalitéit ass an eisen Aen awer net de bestëmmende Faktor, wann et ëm d’Wahlrecht an d’Matbestëmmung hei am Land geet.

D’Citoyennetéit soll den Ausschlag ginn, wann ee vu Biergerbedeelegung schwätzt, net d’Nationalitéit. Dëse Prinzip gëllt hei zu Lëtzebuerg schonn iwwer 20 Joer bei Gemengen- an Europawahlen. Dat huet dem Land net geschuet, mee am Géigendeel dofir gesuergt, datt all Biergerinnen a Bierger méi no zesummeréckelen an op Gemengenniveau mat entscheeden, wéi d’Liewen an enger pluralistescher Gesellschaft geregelt gëtt. De 7. Juni geet et drëms, ee weidere Schratt no vir ze goen an d’Awunnerwahlrecht och fir Chamberwahlen opzemaachen.

Et ass falsch ze soen, d’Chamber vertrëtt d’Natioun an d’Natioun, dat sinn all d’Lëtzebuerger, ganz egal, wou si wunnen. Richteg ass, geméiss Verfassung, datt D’Chamber d’ganzt Land mat allen Awunner vertrëtt. D’Chamber stëmmt Gesetzer, déi all Biergerinnen a Bierger hei zu Lëtzebuerg betreffen, egal aus wellechem Land se kommen. Jiddereen, deen hei am Land wunnt a lieft, muss sech un déiselwecht Gesetzer halen, jiddereen, deen hei am Land schafft, Steieren a Sozialbeiträg bezilt, gëtt vun deeselwechten Deputéierten am Parlament vertrueden, mat deem klengen -wesentlechen - Ënnerscheed, datt d’Lëtzebuerger (54 Prozent vun der Populatioun) wielen däerfen an d’Net-Lëtzebuerger (46 Prozent vun der Populatioun) bei de Chamberswahle kee Stëmmrecht hunn. Dësen Desequiliber deet eisem Land a senger representativer Demokratie op Dauer net gutt.

Dofir musse mär hei usetzen an all deenen, déi scho bei Gemengen- oder Europawahle matgemaach hunn, sech fir d’Land a seng Zukunft interesséieren, och e Matsproocherecht bei Parlamentswahle ginn. Kee Lëtzebuerger kritt hei eppes ewechgeholl a keen Net-Lëtzebuerger gëtt hei zu eppes gezwongen! De Géigendeel ass de Fall: All déi kréien eppes zréck, déi als Net-Lëtzebuerger scho méi wéi zéng Joer am Land wunnen, schaffen a sou zum Wuelstand an zur Entwécklung vun eiser Gesellschaft bäigedroen hunn.

Keen Net-Lëtzebuerger, deen d’Bedingungen zum Awunnerwahlrecht erfëllt, gëtt forcéiert, mat wielen ze goen. Hie soll dat kënnen, wann hien dat wëll. D’Wahlflicht spillt also nëmmen dann, wann hie sech am Virfeld an d’Wielerlëscht agedroen huet. Keen Net-Lëtzebuerger däerf selwer als Kandidat bei Chamberwahlen untrieden, sou kënnt dat och an d‘Verfassung stoen. Fir gewielt ze ginn, muss een och an Zukunft Lëtzebuerger sinn. D’Angscht, datt eng Majoritéit vun Net-Lëtzebuerger an Zukunft d’Gesetzer fir eng Minoritéit vu Lëtzebuerger géif maachen, huet deemno keng Grondlag.

Fakt ass, datt Lëtzebuerg opgrond vu senger demographescher Entwécklung mat engem Auslännerundeel vu bal 46 Prozent spezifesch Léisunge brauch. Keen anert Land an Europa ass an enger ähnlecher Situatioun. Dofir sollte mär e weidere Schratt a Richtung Awunnerwahlrecht maachen an och am Beräich vun der Demokratie eng Virreiderroll an Europa iwwerhuelen.

D'LSAP wëll
d'Matbestëmmung
hei am Land
verbesseren an
d'Biergerrechter
stäerken.
Dofir soe mir:

› JO zum Awunnerwahlrecht!

Méi Demokratie fir Lëtzebuerg.